Fir op der Plattform zougelooss ze ginn, mussen eis Liwweranten no de Prinzipie vun der Kooperativ handelen. 
Gringgo bewäert d'Fournisseuren op Basis vun engem Katalog vun etheschen an nohaltege Krittären a vergëtt Gringgo Stäre fir all erreechte Kategorie. 
Op mannst 2 Stäre mussen erreecht ginn. Dëst ass fir sécherzestellen datt dem Konsument seng Suen un eng regional a verantwortlech handelnd Firma ginn. 
Dës Stäre sollen och en Usporn si fir d'Betriber fir ze probéiere fir sech a verschiddenen Aspekter ze verbessere fir sech esou zousätzlech Stären ze verdéngen.