Produkt Labelen

Labelen un deenen sech Gringgo bei der Produktauswiel orientéiert:

Fir datt de verantwortleche Konsument all Offeren op Gringgo.lu ouni ze zécke ka kafen, suergt Gringgo am Viraus dofir, datt d'Produkter mat unerkannte Labelen ausgezeechent goufen oder fair a lokal produzéiert goufen (z. B. Upcycling). Dëse Prozess ass progressiv a léisst ëmmer Platz fir eng oppe Diskussioun beim Auswiele vu Produkter.

Sekundär Produkt Labelen

Déi folgend Produkt Labelen si vu Gringgo och erwënscht, awer an de meeschte Fäll just a Kombinatioun mat engem vun de Labelen aus der Lescht hei driwwer. 

Beispill: Den "OEKO-TEX" Label geet net duer well et e Label ass dien de Veraarbechtungsprozess bewäert an net d'(Bio) Qualitéit vun de Rohstoffer. 

Gringgo orientéiert sech dofir hei um GOTS Label. (Global Organic Textile Standard)