Finanziell Ënnerstëtzung fir Är nohalteg Projeten!

Dir plangt en neie Betrib ze grënnen oder z'iwwerhuelen?

E Produkt z'entwéckelen, ze produzéieren oder eng Déngschtleeschtung unzebidden?

Dir wëllt mat Ärer Entreprise an engem staarke Reseau vun nohaltege Betriber Member ginn an doduerch och nach no bausse méi visibel ginn?

Da gitt Deel vum regionalen Netzwierk Gringgo!

Entsprécht Äre Projet de Gringgo-Krittäre vun Nohaltegkeet a sozial-ekologesche Richtlinnen, da siche mir zesummen no der beschter a flexibelster Léisung fir dran z'investéieren. Dat kann iwwer d'Ofséchere vun engem Prêt, d'Kafe vu Parten, d'Iwwerhuele vun enger Pacht bis zu enger Garantie bancaire goen.

Gringgo Krittären

Dernieft bidde mer Iech déi gëeegent Vermaartungs-plattform (Online-Shop) fir Ärt Produkt oder Är Déngschtleeschtung.  Esou profitéiert Dir net nëmme vum Knowhow vun engem regionalen Netzwierk mee et erliichtert och de Kontakt zu Partnerbetriber a Privatclienten.

Dës erhéicht och d'Visibilitéit vun de Produzenten an als Schnëttstell fërdert si d'Zesummenaarbecht tëschent Produzent a Konsument.

Leit déi méi bewosst wëlle konsuméieren hunn hei d'Méiglechkeet sech z'informéieren, sech z'orientéieren an och direkt ze kafen.

Bewerbungsprozess