Trefft de Gringgo!

No dësem Prinzip encouragéiere mir et datt Dir als Verbraucher Äre Produzent oder Verkeefer begéint, an dofir ënnerstëtze mir de Prinzip vum "Pick up in Store".

Well dat awer a Coronazäiten net ëmmer méiglech a wënschenswäert ass, bidde mir och e Liwwerservice un deen mir verrechnen. D'Käschte vun 10 Euro ginn am Shop ugewisen nodeems Dir d'Aart vun der Liwwerung wärend dem Akafsprozess gewielt hutt.

D'Liwweren ass awer nëmme fir kleng Quantitéiten méiglech. Gréisser Quantitéiten vu Baumaterial, Wandfaarwe ka Gringgo net liwweren a mir bieden Iech do direkt beim Verkeefer nozefroen.   

Mir striewen no enger nohalteger Liwwerung, mee dat heescht och datt mir nëmmen eemol d'Woch, am Prinzip Donneschdes liwweren. Eis Liwwerkäschten enthalen d'Verpackung an d' Verpackungsmaterialer déi haaptsächlech aus recycléiertem Material bestinr