Trefft de Gringgo!

No dësem Prinzip encouragéiere mir et datt Dir als Verbraucher Äre Produzent oder Verkeefer begéint, an dofir ënnerstëtze mir de Prinzip vum "Pick up in Store".

Mir bidden och e Liwwerservice un deen mir verrechnen. D'Käschte vun 8,90 Euro ginn am Shop ugewisen nodeems Dir d'Aart vun der Liwwerung wärend dem Akafsprozess gewielt hutt. Ab 120 € ass d'Liwwerung gratis.

D'Liwweren ass awer nëmme fir kleng Quantitéiten méiglech. Gréisser Quantitéiten vu Baumaterial, Wandfaarwe ka Gringgo net liwweren a mir bieden Iech do direkt beim Verkeefer nozefroen.   

Mir striewen no enger nohalteger Liwwerung, mee dat heescht och datt mir nëmmen eemol d'Woch, am Prinzip Dënschdes liwweren. Eis Liwwerkäschten enthalen d'Verpackung an d' Verpackungsmaterialer déi haaptsächlech aus recycléiertem Material bestinn.