CORECA société cooperative

Gemeinschaft erliewen, Liewensqualitéit genéissen

0

Investissementsform: Kaf vu Parten

Gringgo ass Aktionär an dëser Kooperative déi am Fréijoer 2023 gegrënnt gouf.

D‘CORECA, Cooperative fir Restauranten, Epicerien a Caféen, well Plaze schaffe wou Gemeinschaft gelieft gëtt, Mataarbechter sech hirer sozial Verantwortung bewosst sinn, Leidenschaft spierbar ass, Liewensqualitéit duerch kuerz Weeër an douce Mobilitéit gefërdert gëtt, a wou mat Häerz a Séil frech, frësch a saisonal gekacht, gebak, a verkaf gëtt.

Säit Juli 2023 geréiert d‘CORECA „Epicerie am Duerf“ zu Schrondweiler. Ab 2024 kommen zwee weider Lokaler am ländleche Raum dobäi, „Beim Struwweltéintert“ zu Téinten an „A Schulesch“ zu Hiefenech.

Kontakt CORECA