Investéiert a Gringgo, investéiert an Är Regioun!

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Iddi vun der "Regionalwert AG" iwwer d'Gringgostruktur ëmgesat. Gringgo steet domadder fir de Prinzip vun der Bedeelegung un engem nohaltegen Investment deen d’Erhalen an d'Entwécklung vun eisem Liewensëmfeld an den ekonomeschen, ökologeschen a soziale Beräicher erméiglecht.

All Bierger a Biergerinnen aus de Regiounen hunn d'Méiglechkeet als Kooperateur mat de regionale Betriber vernetzt ze ginn an doduerch finanziell an an hirem Alldag vum zukünftege wirtschaftlechen Erfolleg vun der regionaler Wirtschaft ze profitéieren.

Duerch d'Bedeelegung vu Gringgo ginn esou nieft den traditionelle Verméigenswäerter wéi Land a Gebaier och Fachwëssen, Ofsaz- an Aarbechtsprozessverbesserungen a sozial Strukturen iwwert den eenzele Betrib eraus erschaf.

Iwwer d'Bilanzéierung vun den ökologeschen, sozialen a regionalwirtschaftleche Leeschtunge ginn d'Fortschrëtter siichtbar gemaach.

Als kooperativ Struktur bidde mir awer méi ewéi e Geldinvest. Mir ënnerstëtzen de Projet mat Rot an Dot an de verschiddenen Entwécklungsphase mat Informatiounen a Coaching vu Leit mat Erfarung.

Et geet drëms net nëmmen eendimensional, mee vernetzt ze handelen an esou Synergien an de Regiounen a bei de Clienten ze schafen.

Wéi kann een sech engagéieren?

Dir kënt Iech iwwert eng oder méi Parte bei der Kooperativ bedeelegen an domadder Projete vun Entreprisen op Grond vun ekonomeschen, ökologeschen a soziale Krittären duerch dësen Investment ënnerstëtzen.

Esou kënnen nei Entreprisen entstoen oder Traditiounsbetriber virubestoen a sech weiderentwéckelen.

Et geet also drëms säi Geld wäitsiichteg an a konkret lokal Projeten unzeleeën an domader och nach der Ofsécherung vun eiser villfälteger Kultur- a Liewenswelt ze hëllefen.

Hutt dir e Projet a wëllt Ënnerstëtzung?

Beim Grënnen oder beim Iwwerhuele vu Betriber, bei der Entwécklung vun neie Produkter oder Servicer, ass de Knackpunkt dacks d'Finanzéierung.

Wann Äre Projet de Gringgo-Krittäre vun Nohaltegkeet a sozial-ekologesche Richtlinnen entsprécht, da siche mir zesummen no der beschter a flexibelster Léisung fir an de Projet ze investéieren.

Dat kann iwwer d'Ofséchere vun engem Prêt, d'Kafe vu Parten, d'Iwwerhuele vun enger Pacht bis zu enger Garantie bancaire goen.

Mir ënnerstëtzen de Projet mat Rot an Dot an de verschiddenen Entwécklungsphase mat Informatiounen a Coaching vu Leit mat Erfarung.