wandmillen

Den Zesummenhalt an d’Zesummenaarbecht an de Regioune stäerken an attraktiv halen.

Am Kanton Réiden gouf scho vill Pionéieraarbecht an de Beräicher Landwirtschaft an Energie gemaach an d‘Realisatioun vun zum Beispill Nahwärmenetzer mat Biogasanlage weist datt wann een d’Muecht vum Kollektiv notzt et méi einfach ass fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft unzegoen. Mee och an aner Regioune vum Land ginn et ëmmer méi nohalteg Initiative vu Gemengen a Bierger, wéi Equiclic zu Jonglënster, Transition Minette, d‘Energiekooperativen, d‘Naturparken an d‘LEADER-Regiounen oder och nach all déi engagéiert Gemengen am Klimapakt.