De Gringgo Prinzip!

Gringgo ënnerstëtzt den Handel vun nohaltege Produkter déi produzéiert ginn am Respekt viru

Mensch

* Sozial hiergestallt

* Solidaresch

* Faire Präis

* Fair gehandelt

* Gesond

* Sozial akzeptabel

* Transparent

Natur

* Biologesch ugebaut

* Ëmweltgerecht

* Ressource schounend

* Energieeffizient

* Spuersam

* Recycléierbar, Reparaturfäeg, Durabel

* Regional

Déier

* Déieregerecht Haltung

* Ouni Déiereversich

Gringgo hëlleft dem ...

Konsument

Als Konsument sidd Dir dacks verluer wann Dir nohalteg a fair Produkter kaafe wëllt.

Wou fannt Dir Produkter déi dëse Krittären entspriechen a wéi fannt Dir äre Wee duerch dësen Dschungel vun Etiketten a Lëschte mat Zutaten?

De Gringgo Portal bitt Asiicht.

Ubidder

Am digitalen Zäitalter sti vill Firme virun der Erausfuerderung online ze verkafen. Awer net all hunn d'Fongen, Zäit oder mënschlech Ressourcë fir dat ze maachen.

Fir anerer geet et nach ëmmer drëm sech selwer nei ze erfannen an hiert Geschäft nohalteg ze entwéckelen.

Wann dir Iech an dëser Beschreiwung erkennt, dann zéckt net fir Gringgo ze kontaktéieren.

Wëllt dir Gringgo ginn?

Fir op der Plattform zougelooss ze ginn, mussen eis Liwweranten no de Prinzipie vun der Kooperativ handelen.

Gringgo bewäert d'Fournisseuren op Basis vun engem Katalog vun etheschen an nohaltege Krittären a vergëtt Gringgo Stäre fir all erreechte Kategorie.

Op mannst 2 Stäre mussen erreecht ginn. Dëst ass fir sécherzestellen datt dem Konsument seng Suen un eng regional a verantwortlech handelnd Firma ginn.

Dës Stäre sollen och en Usporn si fir d'Betriber fir ze probéiere fir sech a verschiddenen Aspekter ze verbessere fir sech esou zousätzlech Stären ze verdéngen.

D'Gringgo Krittären!

Soziaalt Engagement

Zougang fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Offer vu Léierplazen oder Stagen

Charity: Monetär / materiell Ënnerstëtzung fir karitativ Projeten an Institutiounen

Aarbechtskonditiounen an d'Zefriddenheet vun den Employéë verbesseren

Inclusioun: Beschäftegung vu Mataarbechter mat intellektueller / kierperlecher Behënnerung, Asylbewerber & Laangzäitchômeuren

Ekologesch & ethesch Offer

Bedeitend Quantitéit vun ekologeschen, biologeschen, regionalen, Fairtrade Produkter

Nohalteg / ethesch Servicer

Zertifizéiert Produiten

Ëmweltfrëndlech Betribsféierung

Versuergung mat erneierbaren Energië

Superdreckskëscht Label fir Betriber

Notzung vun ëmweltfrëndlecher Mobilitéit

Ekologesch Bürosmaterial / Botzmaterial

Naturschutzmossnamen

Gringgo Bonus (aner bemierkenswäert Moossnamen)

Stäerkung vun der Regioun

Partnerschaft mat regionalen Acteuren

Bildung vun engem regionalen Netzwierk

Kontraktuellen, wirtschaftlechen / kommerziellen Austausch mat aneren Acteuren an der Regioun

Eenzegaarteg Produiten - Erhéicht d'Attraktivitéit an d'Autonomie vun der Regioun

Ethesch Finanzéierung

Ethescht Finanzmanagement orientéiert un der Gemeinwohlökonomie

Member bei enger Regionalwärung (z. Bsp. BEKI)

Produkt Labelen

Labelen un deenen sech Gringgo bei der Produktauswiel orientéiert:

Fir datt de verantwortleche Konsument all Offeren op Gringgo.lu ouni ze zécke ka kafen, suergt Gringgo am Viraus dofir, datt d'Produkter mat unerkannte Labelen ausgezeechent goufen oder fair a lokal produzéiert goufen (z. B. Upcycling). Dëse Prozess ass progressiv a léisst ëmmer Platz fir eng oppe Diskussioun beim Auswiele vu Produkter.

Sekundär Produkt Labelen

Déi folgend Produkt Labelen si vu Gringgo och erwënscht, awer an de meeschte Fäll just a Kombinatioun mat engem vun de Labelen aus der Lescht hei driwwer. 

Beispill: Den "OEKO-TEX" Label geet net duer well et e Label ass dien de Veraarbechtungsprozess bewäert an net d'(Bio) Qualitéit vun de Rohstoffer. 

Gringgo orientéiert sech dofir hei um GOTS Label. (Global Organic Textile Standard)