Wie si mir?

Am Kanton Réiden gouf scho vill Pionéieraarbecht an de Beräicher Landwirtschaft an Energie gemaach an d'Realisatioun vun zum Beispill Nahwärmenetzer mat Biogasanlage weist datt wann een d'Muecht vum Kollektiv notzt et méi einfach ass fir d'Erausfuerderunge vun der Zukunft unzegoen. Zesumme mat 34 Kooperateure schafft Gringgo scho säit 2016 un enger regionaler ökologescher Vermaartungsplattform. Bei Gringgo geet et em d’Entwécklung vum Liewensraum mat sengem Wirtschafts- a Kulturliewen an den domadder verbonnene regionalen Alldagsprodukter. D'Betriber (Produzenten) brauchen eng laangfristeg Präis- an Ofsazsécherheet. Well dës Sécherheet an de Veraarbechtungsketten dacks feelt, brauch een, transparent a méi stabil regional Bezéiungen tëschent Produzenten, Handel a Verbraucher. 2021 krut Gringgo den Optrag vum Syndicat intercommunal „Kanton Réiden“ fir d‘Ausféierung vun engem Leader Projet: d’Iddi vun der ‚Regionalwert AG’ aus Däitschland fir Lëtzebuerg z’entwéckelen.

D'Iddi vun der "Regionalwert AG" huet sech an Däitschland an de leschte Jore scho gutt am Liewesmëttel- a landwirtschaftleche Beräich entwéckelt a mir gleewen drun datt esou eng Iddi och iwwert dës essentiell Beräicher eraus fir all Beräicher an de Regioune kann interessant sinn. Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vu Leader a vum Ëmweltministère soll d'Ëmsetzung hei zu Lëtzebuerg iwwer d‘Gringgostruktur geschéien.

eise Begleetgrupp

Nadia Manzari

Affekot a Grënnerin vun
MANZARI LEGAL

Ech sin zënter 20 Joer am Beräich Finanzrecht a Finanztechnologie zoustänneg.

Ausserberufflech sinn ech an enger ONG engagéiert déi nohalteg Projeten an Afrika a Südamerika ënnerstëtzt an och zu Lëtzebuerg an den Schoulen intervenéiert am Kader vum Programm EED ( L'éducation au développement durable) fir déi Jonk ze sensibiliséieren.

Gringgo ass fir mech en absolut wichtege Projet fir och eis Regioun z'ënnerstetzen, ze promouvéieren andeems mir all zesummen nohalteg agéieren.

Gerard Zoller

Faarweproduzent

Ech sinn zënter 30 Joer am Weste fir eng ganz Partie nohalteg Projeten engagéiert, als Schäffen a Conseiller an der Gemeng Sëll, an a verschiddenen Veräiner an op menger Aarbechtsplaz bei Peintures Robin.

Ech fannen dass d’Iddi vu Gringgo eng logesch Suite vun eise Beméiungen ass fir eis Regioun nach méi resilient ze maachen.

Patrick Kolbusch

L.E.E. s.à r.l.

Ech gesinn et als eng gesellschaftlech Verantwortung un, eis Welt méi nohalteg a gerecht ze gestalten. A mengem Ëmfeld begéinen ech ëmmer erëm Leit, déi mat neien Iddien a Visiounen sou ze soen „Out of the box“ sinn, an domadder positiv Verännerungen an eis Gesellschaft bréngen.

Gringgo ass fir mech ënnerstëtzenswäert well ech hei Leit fannen, déi sech mat ganz vill Enthusiasmus fir eng méi gerecht a liewenswäert Form vun Zesummeliewen asetzen, an domadder och meng gesellschaftlech Wäerter vertrieden.

Vertrieder aus dem ganze Land

Duerch en stabilt Netzwierk iwwert d'ganzt Land ergëtt sech d'Méiglechkeet fir nei Synergien ze entwéckelen, fir innovativ Entwécklunge virun ze dreiwen an nei Potentialer ze entdecken.

Aus alle Beräicher

Eis Experte kommen aus alle Beräicher wat eng breet Opstellung bei eiser Ënnerstëtzung erméiglecht.

Wou fannt Dir eis Büroen?

Eise Büro ass am Ekodaul an engem Co-working Space zu Biekerech.

Ëffnungszäiten

Méindes op Rendez-vous
Dënschdes op Rendez-vous
Mëttwochs op Rendez-vous
Donneschdes op Rendez-vous
Freides op Rendez-vous

Wou si mir?

6, rue Jos Seyler Strooss
L-8255 Beckerich
GSM: +352 671 025 650
Email: info@gringgo.lu

Gringgo Conseil d'administration

Paul Kauten

Energipark s.a.

"Fir mech soll Gringgo eppes ginn, wéi eng permanent Oekofoire oder e gringen Amazon. Als Konsument weess ech dann, wou ech an der Géigend ëmweltfrëndlech a sozial gerecht Produkter fanne kann. Als Betrib, kréien ech vu Gringgo gehollef meng ëmweltfrëndlech Produkter a Servicer an der Géigend an doriwwer eraus bekannt ze maachen an ze weisen. Doduerch kréien d'Acteuren an alle Beräicher , op Energie, Handel, Handwierk, Servicer, Kultur, Tourismus a Soziales gehollef sech positiv weider ze entwéckelen an d'Géigend als ganzt ze stäerken. Mat deem positiven Image deen déi ganz Géigend speziell am Beräich vun der Nohaltegkeet schonn huet, dem Pionéiergeescht an dem Dynamismus vun de Mënschen, déi hei wunnen, ka Gringgo ee ganz wäertvolle Baustee ginn."

Max Hilbert

De Kär a.s.b.l.

"Ëmmer méi Mënche spieren, dass eppes net stëmmt mat eiser Art ze Wirtschaften.

Ëmweltschied, Klimakris, Auserneendriften vun Aarm a Räich, global Ausbeutung, ee Mëttelstand deen ëmmerméi ënner Drock geréit a villes méi. Mä dat muss net sinn! Et ginn Alternativen. 

Ëmmer méi bewosst handelnd Bierger a bewosst handelnd Entreprisen stellen sech den Erausfuerderungen vun eiser Zäit, iwwerhuele Verantwortung an hëllefen eng sozial gerecht an zukunftsfäheg Wirtschaft opzebauen. Gringgo ass hir Plattform!

Sidd och Dir mat derbäi!"